Duerffest

Den éischte Weekend am August ass eng méi lass zu Bartreng! Mee weem ziele mir et, d'Bartrenger Duerffest ass scho laang net méi nëmmen zu Bartreng bekannt mee wäit doriwwer eraus!
Ugaangen ass de Spektakel 1995. D'Iddi ass komm e Summerfest z'organiséieren. Schnell hu mir aner Veräiner fonnt fir matzemaachen a sou huet sech d'„Summerfest“ vum Bartrenger Club des Jeunes rasant zu engem Fest fir d'ganzt Duerf entwéckelt: d'Bartrenger Duerffest. Och wann den Numm geännert huet ass Platz, bis op eng Ausnahm am Joer 2015, déi nämlecht bliwwen! Tëschent dem Centre Atert, der Kierch an der Spuerkees wimmele sech mëttlerweil net nëmmen eng nei Spillplaz an de Cubus, mee och ëm déi 14 Bartrenger Veräiner déi versichen dat vergaangent Duerffest ze toppen.
An dat mat groussem Erfolleg.

Hat de Club des Jeunes an den Ufankszäiten nëmmen e Comptoir, huet sech och dat nawell staark verännert! Ween nieft engem frësch gezaaptem Dikrecher oder engem Rivaner och nach eppes fir säin eidlen Mo maache well ass bei eis beschtens bedéngt!
E gudden Döner oder eng Schwéngshax léisst net nëmmen däin Häerz an d'Luucht schloen!

Kanns du dech nach erënneren, 2013, an der Nuecht op Samschdes? Wahrscheinlech net, well s de schonn am Bett louchs! An den Dag drop och net weider gemierkt hues wat am Fong geschitt ass. Et war eng Katastroph! Zelter ware sou gutt wei all futti, alles ass duerch d'Luucht geflunn, mir hu versicht ze rette wat ze rette war... Zu dësem Zäitpunkt, géint 4h an der Nuecht, huet sécherlech keen domatt gerechent datt Samschdes de Betrib weider kéint goen.
Moies ass een haalt dunn an den Hornbach gefuer fir nei Zelter ze kafen an et huet ee gekuckt datt um 12 Auer de Bakuewen a d'Feier rëm u sinn. Op Schlof misst een déi Nuecht och verzichten, zumindest den haarde Kär.
Do war et och egal fir wat fir ee Veräin een täteg ass, well um Duerffest gëtt gehollef wou ee kann!